Soziales

Eis Wäerter

Mir vu why vanilla? iwwerhuele Verantwortung – fir d’Ëmwelt a fir e soziaalt Mateneen. Well mir wëllen d’Welt, an där mir zesumme liewen, aktiv positiv gestalten.

Fair Honorairen

E soziaalt Mateneen op der Aarbecht fänkt fir eis mat enger fairer Remuneratioun fir eis Iwwersetzungsekipp un. All eis Sproochproffie goufe ganz penibel ausgewielt a sinn héich qualifizéiert. Dëst Fachwëssen an dës Erfarung honoréiere mir mat adequaten Honorairen. Dovu profitéiert och Dir! Well eis Ekipp ass a bleift ëmmer motivéiert, fir Iech hiert Bescht ze ginn.

Ëmweltschutz

Scho kleng Ännerunge kënne Grousses bewierken, wa mir et zesummen upaken – dovu si mir iwwerzeegt. Aus deem Grond evitéiere mir onnéidegen Dreck a kafe méiglechst regional Produiten. Am Büro hu mir Stroum aus erneierbaren Energien a passen drop op, d’Apparater ëmmer auszemaachen, wa se net gebraucht ginn. Mir benotze recycléierte Pabeier an erleedegen eise Courrier haaptsächlech per E-Mail. Ëmweltschutz läit why vanilla? um Häerz – en Theema, mat deem mir eis net just bei eisen Iwwersetzungsprojete gär beschäftegen.
Why Vanilla Logo

Kontakt

why vanilla? S.à r.l.
4a, rue de Hosingen
L-9466 Weiler

Links

Followt eis

Why Vanilla Logo

Kontakt

why vanilla? S.à r.l.
4a, rue de Hosingen
L-9466 Weiler

Followt eis

© why vanilla? S.à r.l.
Design by