Präisser

Iwwersetzungen oder Lektorater vun der Staang? Gëtt et bei why vanilla? net. Dir sot eis, wat Dir gär hätt – a mir setzen et ëm. E Service op d’Mooss!

Esou gi mir bei engem Devis vir:

01 Volume

Wann net anescht ausgemaach, huele mir den Ausgangstext als Basis, fir de Präis auszerechnen. Opgrond vum Layout an eventuelle Biller ass et net méiglech, en Devis op Basis vun der Säitenzuel vum Dokument ze maachen. Dowéinst fuere mir mat Standardsäiten an Normzeilen. Eng Standardsäit besteet aus 30 Normzeilen. Eng Normzeil huet 55 Uschléi, also Zeechen inklusiv d’Espacen.

02 Textzort

An engem techneschen Handbuch wimmelt et vu Fachausdréck. Bei engem Slogan fir eng Publicitéit dogéint kënnt et op Witz a Kreativitéit un. Fir eng genee Iwwersetzung sinn also ganz ënnerschiddlech Fäegkeete gefrot. Dowéinst verréit d’Zuel vun de Wierder eleng näischt iwwer d’Zäit, déi een un engem Text schafft. Aus dësem Grond kucke mir eis den Ausgangstext ganz genee un a berechnen den Opwand fir d’Iwwersetzung och op Basis vun der Textzort.

03 Delaien

Heiansdo muss et ganz séier goen. Dat wësse mir vu why vanilla? och. A mir ënnerstëtzen Iech och ënner Zäitdrock. Well dat awer meeschtens mat méi Opwand verbonnen ass, kann dat de Präis beaflossen.

Ëmmer mat derbäi: eng Relektür

Mir leeë Wäert op Top-Qualitéit. Dowéinst schaffe mir no dem Véier-Ae-Prinzip. Mir liwweren eréischt, wann d’Iwwersetzung vun enger weiderer Persoun kontrolléiert ginn ass. Esou kënnt Dir sécher sinn, dass net just den Inhalt richteg ass, mee och den Toun perfekt getraff ass – an zwar op Mammesproochenniveau.
Fir eng Offer ze kréien, schéckt eis einfach Ären Text op info@whyvanilla.lu a mir mellen eis bei Iech.

Heefeg Froen (FAQ)

Wat ass eng Normzeil?
Normzeilen erméiglechen et, de Volume op enger Säit onofhängeg vum Layout an de Biller ze berechnen.
Eng Normzeil besteet aus 55 Zeechen, inklusiv d’Espacen. 30 Normzeilen erginn eng Standardsäit.
Wat heescht Relektür?
Beim Iwwersetze schaffe mir no dem Véier-Ae-Prinzip. Dat heescht: Eng Persoun iwwersetzt an duerno korrigéiert eng aner Persoun d’Iwwersetzung. D’Korrektur vun der Iwwersetzung ass d’Relektür. Esou ass déi bescht Qualitéit op Mammesproochenniveau garantéiert.
Wat versteet een ënnert engem Lektorat?
Bei engem Lektorat kontrolléiere mir Ären Text ganz genee. Dat ëmfaasst d’Korrektur vun der Orthografie, der Interpunktioun an der Grammaire. En plus gi mir dem Text och stilistesch dee leschte Schlëff. Esou treffe mir dee richtegen Toun, fir dass Äre Message och wierklech ukënnt – nees no dem Véier-Ae-Prinzip.
Op wat kënnt et beim Iwwersetzen un?
Beim Iwwersetzen iwwerdroe mir e Wuert vun enger Sprooch an eng aner. Kléngt logesch, oder? Mee bei enger gudder Iwwersetzung ginn net just Vokabelen ausgetosch. D’Sproochexperte vu why vanilla? uechten och op d’Zwëschentéin, op kulturell Particularitéiten, op déi korrekt Terminologie a stilistesch Subtilitéiten. Nëmmen esou kënne mir eng Iwwersetzung liwweren, déi sech guer net ewéi eng Iwwersetzung liest.
Why Vanilla Logo

Kontakt

why vanilla? S.à r.l.
4a, rue de Hosingen
L-9466 Weiler

Links

Followt eis

Why Vanilla Logo

Kontakt

why vanilla? S.à r.l.
4a, rue de Hosingen
L-9466 Weiler

Followt eis

© why vanilla? S.à r.l.
Design by