Iwwert eis

why vanilla?

why vanilla? an dräi Wierder – dat ass:
  • Kompetenz
  • Erfarung
  • Perfektioun
Mir wëllen, dass Dir mat Ärem Text glänzt. Dowéinst hu mir déi héchsten Uspréch un eis Aarbecht. Inhaltlech, sproochlech a stilistesch sinn eis Iwwersetzungen impeccabel. D’Texter sinn ëmmer op Mammesproochenniveau.

Eise Service

Mir këmmeren eis ëm Är Texter. Mir iwwersetzen a korrigéiere fir Iech. Eis Aarbechtssprooche si Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch, Franséisch an Italieenesch.

Eisen Numm

Why vanilla? Because it’s spicy! Op Englesch bedeit vanilla ëmgangssproochlech esou vill ewéi langweileg. An dat gëtt heiansdo mat dem Iwwersetzungsberuff verbonnen. Zu Onrecht, ewéi mir fannen. Well: Vanill ass e spannend Gewierz, dat munchmol ganz zeréckhalend ass an engem Plat eng dezent Nott gëtt. Vanill kann awer och e ganzt Gebäck dominéieren an zu richteg aromateschen Explosioune féieren. An esou erliewe mir eis Aarbecht. Mir spille mat all den Nuancë vun der Sprooch a si Meeschter vun der Variatioun. Iwwersetzen ass genee no eisem Goût!

Eis Ekipp

Eis Ekipp bei why vanilla? gouf ganz penibel ausgewielt. All eis Sproochproffien hunn eng exzellent Formatioun, jorelaang Erfarung an e ganz gutt Sproochgefill. Eis verbënnt d’Leidenschaft fir d’Sprooch. Mir leeë vill Wäert op de passenden Ausdrock a fannen déi exakt Tournure. Mir tauschen eis ënnereneen aus, all Iwwersetzung gëtt nogekuckt a genee kontrolléiert. Mat dësem Véier-Ae-Prinzip suerge mir fir déi bescht Qualitéit.

Danièle Di Cato

Grënnerin & Iwwersetzerin
Geleet gëtt de Büro why vanilla? vun der Grënnerin Danièle Di Cato: Si ass promovéiert an assermentéiert Iwwersetzerin – mat ville Joren Erfarung an hirem Beruff, dee si virun allem als Vocatioun gesäit. Hir privat Leidenschaft fir Konscht, Literatur a Wäibau verknëppt si dowéinst ganz gär mat aktuellen Iwwersetzungsprojeten. Dat selwecht gëllt fir d’Theemaen Ëmweltschutz a Mënscherechter, Beräicher, fir déi si sech och privat engagéiert.
Berufflech Qualifikatioun:
  • Masterstudium Iwwersetzen an Dolmetschen an Doktorat op der Leopold-Franzens-Universitéit zu Innsbruck (Éisträich)
  • Iwwer 15 Joer Erfarung als Iwwersetzerin an Ënnertitlerin fir Entreprisen am In- an Ausland
  • Assermentéiert Iwwersetzerin virun der lëtzebuergescher Cour supérieure de justice
  • Formation-continuen am Beräich Önologie
  • Member vu verschiddenen Iwwersetzungsverbänn
Why Vanilla Logo

Kontakt

why vanilla? S.à r.l.
4a, rue de Hosingen
L-9466 Weiler

Links

Followt eis

Why Vanilla Logo

Kontakt

why vanilla? S.à r.l.
4a, rue de Hosingen
L-9466 Weiler

Followt eis

© why vanilla? S.à r.l.
Design by