Servicer
Iwwersetzung a Lektorat – bei why vanilla? sidd Dir richteg.
Ob kuerz oder laang, ob Kannerbuch oder Rapport d’activité: Mir iwwersetzen Ären Text fir Iech. An dozou gehéiert ëmmer eng professionell Relektür. Well mir huelen dat Bescht aus Ären Texter eraus, fir dass Dir Äert Bescht kënnt ginn.
En plus bidde mir och Lektorater fir verschidde Sproochen un. E Lektorat ëmfaasst d’Korrektur vun der Orthografie, der Interpunktioun an der Grammaire. A mir ginn Ärem Text stilistesch dee leschte Schlëff.
Eis Aarbechtssprooche sinn:
- Lëtzebuergesch
- Däitsch
- Englesch
- Franséisch
- Italieenesch