Why vanilla? Sarl

Iwwersetzung a Lektorat

Är Sproochproffie fir Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch, Franséisch an Italieenesch

Iwwert eis

Mir vu why vanilla? sinn Är Spezialist:inne fir Iwwersetzungen a Lektorater an de Sprooche Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch, Franséisch an Italieenesch. Eis Stäerkten: Mir kennen eis mat ganz ënnerschiddleche Beräicher aus an ergänzen eis géigesäiteg. Eis Schwächten: Mir si frou mat Sproochen an tendéieren zum Perfektionismus. Schlëmm?
Servicer

Iwwersetzung a Lektorat – bei why vanilla? sidd Dir richteg.

Ob kuerz oder laang, ob Kannerbuch oder Rapport d’activité: Mir iwwersetzen Ären Text fir Iech. An dozou gehéiert ëmmer eng professionell Relektür. Well mir huelen dat Bescht aus Ären Texter eraus, fir dass Dir Äert Bescht kënnt ginn. En plus bidde mir och Lektorater fir verschidde Sproochen un. E Lektorat ëmfaasst d’Korrektur vun der Orthografie, der Interpunktioun an der Grammaire. A mir ginn Ärem Text stilistesch dee leschte Schlëff.

Eis Aarbechtssprooche sinn:

  • Lëtzebuergesch
  • Däitsch
  • Englesch
  • Franséisch
  • Italieenesch

Branchen

Mir vu why vanilla? sinn zwar keng Multitalenter, mee mir kennen eis zimmlech gutt aus. Well mir hu Spezialist:inne fir ganz ënnerschiddlech Branchen. Vun Ëmwelt an Natur iwwer Architektur a Kultur bis hin zu Wirtschaft an Technik – bestëmmt ass och Äre Beräich derbäi. Stellt eis op d’Prouf! Mir ginn eis gär un Erausfuerderungen.

Eis Wäerter

Ëmwelt- a sozial Theemae leien eis um Häerz – net nëmmen, wann et ëm Iwwersetzunge geet. Vill méi wichteg: Mir vu why vanilla? leeë vill Wäert op Ëmweltschutz an e fairt Mateneen. Dowéinst passe mir bei eiser Aarbecht op, eis sozial ze verhalen an d’Ëmwelt ze schounen. Wëllt Dir wëssen, wéi mir dat genee maachen? Da klickt hei.

Firwat Lëtzebuergesch?

Dir braucht eng Iwwersetzung an d’Lëtzebuergescht oder e Lektorat? Gutt, dass Dir bei eis kommt! Well mir sinn Experte fir dës kleng, awer ganz speziell Sprooch. An net just dat: Lëtzebuergesch läit eis ganz besonnesch um Häerz.

Präisser

Är Texter sinn esou individuell ewéi Dir. Dowéinst kucke mir bei der Kalkulatioun méi genee a maachen Iech eng Offer op d’Mooss. Dir wëllt méi wëssen? Da frot eis!

Referenzen

Mir vu why vanilla? kënnen Iech jo vill zielen – doriwwer, wéi qualifizéiert mir sinn, wéi eng Projete mir scho gemeeschtert a wat fir eng renomméiert Clientèle mir hunn. Mir hunn eis awer geduecht: Am beschte kuckt Dir selwer!
Dir wëllt glänzen? Da mellt Iech bei eis!

Dir wëllt mat Ärem Text Androck maachen? Dir braucht eng perfekt Iwwersetzung oder en zouverlässegt Lektorat? Mir si fir Iech do!

Schreift eis op info@whyvanilla.lu oder rufft eis un um (+352) 26 55 25 33.

Kontakt
Why Vanilla Logo

Kontakt

why vanilla? S.à r.l.
4a, rue de Hosingen
L-9466 Weiler

Links

Followt eis

Why Vanilla Logo

Kontakt

why vanilla? S.à r.l.
4a, rue de Hosingen
L-9466 Weiler

Followt eis

© why vanilla? S.à r.l.
Design by