Firwat Lëtzebuergesch?

Dir braucht eng Iwwersetzung an d’Lëtzebuergescht oder e Lektorat? Gutt, dass Dir bei eis kommt! Well mir sinn Experte fir dës kleng, awer ganz speziell Sprooch. An net just dat: Lëtzebuergesch läit eis ganz besonnesch um Häerz.

Zwar schwätze weltwäit net ganz vill Leit Lëtzebuergesch. Trotzdeem fanne mir, dass et sech rentéiert, dës Sprooch ze fërderen. Firwat?

Fir eis ass d’Äntwert kloer: vill Sproochen, grouss Vilfalt. Sproochen transportéieren Denkweisen a kulturell Gewunnechten. Wie verschidde Sprooche schwätzt, ka Brécken tëschent Mënsche bauen.

Well why vanilla? zu Lëtzebuerg doheem ass, fleege mir eis Mammesprooch mat Leidenschaft. Mir leeë Wäert drop, dass se korrekt benotzt an natierlech och korrekt geschriwwe gëtt. Esou droe mir eisen Deel dozou bäi, dass Lëtzebuergesch net ausstierft. Dat ass eis immens wichteg.

Lëtzebuergesch war ursprénglech eng Sprooch, déi virun allem geschwat gouf. Duerch de Gebrauch an E-Mailen, Messenger-Noriichten oder Chat-Gruppen huet sech dat geännert a Lëtzebuergesch ass mëttlerweil och als geschriwwe Sprooch wäit verbreet. Verbindlech Orthografiesreegele gëtt et allerdéngs eréischt zanter den 1970er-Joren. D’Ekipp vu why vanilla? kennt sech perfekt doran aus an ass ëmmer um leschte Stand, fir Iech zouverlässeg am Lëtzebuergesche kënnen ze ënnerstëtzen – sief et bei Lektorater oder bei Iwwersetzungen.
Why Vanilla Logo

Kontakt

why vanilla? S.à r.l.
4a, rue de Hosingen
L-9466 Weiler

Links

Followt eis

Why Vanilla Logo

Kontakt

why vanilla? S.à r.l.
4a, rue de Hosingen
L-9466 Weiler

Followt eis

© why vanilla? S.à r.l.
Design by